TEILEN
Specials
2D OV-FR-EN

Theater. Kollektiv

20 April 2026 - 20h00
Bitte Vorstellung auswählen

Séance mat der Réalisatrice Anne Schiltz. Am Joer 1995 ass Lëtzebuerg fir d’éischt europäesch Kulturhaaptstad. Dëst ass e wichtege Moment fir d’Kulturpolitik vum Land. Nei Plazen an Institutioune gi geschaf. Gläichzäiteg brodelt et ënner de jonke Kulturschafenden, déi Méiglechkeete sichen, fir hir Aarbecht professionell auszeféieren. De multidisziplinären Theaterkollektiv Independent Little Lies (ILL), deen an deem Joer gegrënnt gëtt, huet sech zanerhir zu engem wichtege Pilier an der lëtzebuergescher Theaterzeen etabléiert. Bekannt a geschätzt fir seng innovativ an divers Produktiounen, zielt ILL haut zu de bedeitendste Kollektiver am Land. Den Dokumentarfilm Theater. Kollektiv. erzielt d’Geschicht vun dësem aussergewéinleche Grupp mat Alldagszeenen, Archiven an Auszich aus Bünestécker. Zu Wuert komme souwuel aktuell a fréier Memberen, wéi och Expert*innen aus der lëtzebuergescher Kulturzeen. The documentary film Theater. Kollektiv. tells the story of this extraordinary group through scenes of everyday life, archives, and excerpts from stage plays. Both current and former members, as well as experts from the Luxembourgish cultural scene, share their perspectives.

Vorstellungen

20H00

Weitere Events

Sprachauswahl