Dësen 8. Mee ass et 80 Joer hier, datt d’Wehrmacht an Nazi-Däitschland kapituléiert hunn an domat de Krich an Europa op en Enn gaangen ass. Lëtzebuerg gouf wärend dëser Zäit bekannterweis net verschount an och de lëtzebuerger Kino huet sech säit senger Ufankszäit (Déi zwee vum Bierg a Schackoklack, fir der nëmmen e puer ze nennen) mat dësem däischtere Kapitel ausernee gesat. Fir un de Moment vun der Befreiung ze erënneren, mee och fir dat wat virdrun an dono koum net ze vergiessen, weisen är Cinextdoor-Kinoen Iech den 8. Mee dem Christophe Wagner säin ENG NEI ZÄIT. ENG NEI ZÄIT spillt an der onmëttelbarer Nokrichszäit an erzielt op andrénglech Aart a Weis vun individuellen a kollektiven Traumata. E Film, deen eis immens beandrockt huet an deem säi Message eis hautzudaags sou wichteg, wéi laang net méi schéngt.