TEILEN
2D OV-FR-EN

Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren OV-FR-EN

Documentaire
TICKET KAUFEN
98 min
2022
EA

Mir brauchen eng Landwirtschaft, déi och nach an honnert oder dausend Joer bestoe kann. En Abléck an d’Welt vun der Biolandwirtschaft. Am Film begéinen mir verschiddene Protagonisten, déi de Wee vun der Biolandwirtschaft ageschloen hunn a weider mat Iwwerzeegung hannert dëser Iddi stinn. Sie weisen an erzielen wéi ëmfangräich d’Entwécklung an de leschte Joren bei der Produktioun, Vermaartung a Fuerschung an dësem Beräich vun der Landwirtschaft war. Wärend Joerzéngte wollt d’Agrarpolitik vun eise Baueren, dass si vill a bëlleg produzéieren. Haut wësse mer, dass e System, deen nëmmen op Wuesstem opgebaut ass, weltwäit zu groussen Ëmweltschied féiert an zu Problemer, déi mer ëmmer manner am Grëff hunn. Wa mer näischt änneren, riskéiere mer, dass mer geschwënn iwwerhaapt keng Liewensmëttel méi produzéiere kënnen. Biolandwirtschaft ass eng Léisung, déi sech ëmmer méi Länner op de Fändel schreiwen. Och zu Lëtzebuerg soll et a manner wéi 30 Joer just nach Biobetriber ginn. VU BUEDEM, BAUZEN A BIOBAUEREN weist Mënschen, déi haut scho mat vill Motivatioun Bio maachen. Baueren a Wënzer huelen eis mat op hiren Haff an op hir Stécker a weisen eis, wat si maache fir Liewensmëttel ze produzéieren déi gesond si fir de Mënsch an d’Natur, déi Ressourcë schounen an um Enn e Gewënn fir déi ganz Gesellschaft sinn.

Land
LU
Regisseur
Tom Alesch

Spielzeiten

OV
Untertitel FR & EN
2D
Auswahl ändern

Alle Filme

Sprachauswahl