TEILEN
2D OV-FR-EN

Theater. Kollektiv OV-FR-EN

Documentaire
Gutschein
75 min
2026
EA (+3)

Am Joer 1995 ass Lëtzebuerg fir d’éischt europäesch Kulturhaaptstad. Dëst ass e wichtege Moment fir d’Kulturpolitik vum Land. Nei Plazen an Institutioune gi geschaf. Gläichzäiteg brodelt et ënner de jonke Kulturschafenden, déi Méiglechkeete sichen, fir hir Aarbecht professionell auszeféieren. De multidisziplinären Theaterkollektiv Independent Little Lies (ILL), deen an deem Joer gegrënnt gëtt, huet sech zanerhir zu engem wichtege Pilier an der lëtzebuergescher Theaterzeen etabléiert. Bekannt a geschätzt fir seng innovativ an divers Produktiounen, zielt ILL haut zu de bedeitendste Kollektiver am Land. Den Dokumentarfilm Theater. Kollektiv. erzielt d’Geschicht vun dësem aussergewéinleche Grupp mat Alldagszeenen, Archiven an Auszich aus Bünestécker. Zu Wuert komme souwuel aktuell a fréier Memberen, wéi och Expert*innen aus der lëtzebuergescher Kulturzeen.

Land
LU
Regisseur
Anne Schiltz

Alle Filme

Sprachauswahl